NEWS 

De Bettenduerfer Béierlaf

30 Minutten Zäit fir ee Parcours vun 500m ze lafen a jeeweils mat engem Mini ofzeschléissen (ausdrénken). Eng nei Ronn duerf ee réischt ufänken wann een säi Mini eidel gedronk huet. No 30 Minutten dierf een déi läscht Ronn nach fäerdeg lafen a säin leschten Mini ausdrénken.

Den Sportler kann sech net nemmen am Eenzel enner Beweis stellen, mee en kann och zesummen mat 3 aaner Leefer un der Staffel deel huelen. Reglement ass daat nämlecht, t'Course dauert awer an der Staffel 45 Minutten.

- Kéng Leefer ënner 18 Joer

- Wien Leeft, léisst den Auto stoen

- Respektéier déng Grenzen, an iwwerdreiw ett net

- Iwwerginn während der Course féiert zuer Disqualifikatioun

Startgeld kascht 10€ fir den Eenzellaf an 30 € pro Equipe an der Staffel.

All Club des Jeunes oder Studentencercle kritt béi enger Participatioun an der Staffel een Meter fir néischt ! (muss kennen nogewisen ginn,dass all Leefer Member ass)

Umellen kann een sech och am Virraus, et sinn awer och Anschreiwungen ab 14:00 den Dag selwer, t'Course geet um 15:00 un.

Den Club des Jeunes Bettenduerf wenscht eng intensiv Virbereedung an dann ass et bis den 13.09 zu Bettenduerf!

P.s. Fir déi déi net wellen matlaafen, et gett och een Stemmungspräis...also kommt är Kollegen uféieren!