Geschicht

D’Idee zum Bettenduerfer Béierlaf ass am Summer 2006 entstan, nodeems 2 Jongen grad hier Examen gepackt an op emol näischt méi zedinn haten. An der Euforie vun Sportlechen Highlights wéi der Fussball WM oder dem Fränk Schleck sénger Victoire op der Alpe d’Huez sinn se dunn Fotoen vun 1989 gestouss, wou zu Bettenduerf eng Variant vun eisem hautegen Béierlaf ofgehal gouf. De Plang war séier do, och emol sou eppes ze organiséiren an ett gouf sech iwwerluecht wéi een dat kéint emsetzen.

D’Regelen vun dem historechen Béierlaf sinn net komplett iwwerliwwert, mee se waren ongeféier sou: En huet am Wanter stattfond, op engem Parcours vun 300m, no all Tour een Mini an dat ganzt ouni Zäitlimit, wat dozou gefouert huet, dass den Gewënner op onvirstellbar 28 Mini koum ass (ze erklären dass ett demols nach net verbueden war sech wärend der Course ze iwwerginn). Well mir den alen Parcours net iwwerhuelen wollten, hu mir dat ganzt an d’Cité Pierre Strauss geluecht, wou manner Verkéier ass an déi wärend der Zäit vun der Kirmes souwisou gespaart ass. Zudem hu mir een Zäitlimit vun 30min agefouert, fir dem ganzen wéinstens halbwegs vertriedbar Grenzen ze setzen. A well mir d’Wierkung vun dem ganzen net richteg aschätzen konnten gouf bei dësser éischter Editioun nach keen „Katzverbuet“ agefouert.

Well dësen éischten Béierlaf nach eng relativ spontan Geschicht war, gungen just 4 Leefer un de Start. Gewonn gouf de Béierlaf 2006 matt 10 Ronnen & Mini bei 5000m. Den 2ten koum op 8 Ronnen, den 3ten op 4 Ronnen an de 4ten huet keng eenzeg Ronn ofgeschloss an gouf mam historechen Wert vun 0 Ronnen an d’Wertung opgeholl ginn.

No den Erfahrungen vun 2006 gouf ett fir den Béierlaf 2007 e puer Regelännerungen. Sou gouf schons direkt nom Start den éischten Béier gedronk an zweetens d’Regel agefouert, dass een am Fall dass een sech während der Course iwwergett, direkt disqualifizéiert ass. Dat huet dozou gefouert, dass ett eng éischten Kéier 2 Disqualifikatiounen ginn huet. De Mulles,de Gewënner vun de 7 Leefer, déi un der Start gungen huet en neien Rekord vun 11 Mini bei 5000m opgestallt.2007 gouf et awer nach eng Erneierung. Den Béierlaf gouf gefilmt an den Charel Simon huet spéider deen éischten Béierlaffilm veröffentlecht,dee groussen Succes um Internet haat. Och gouf de Béierlaf eng éischten Kéier modereiert vum Jerry an vum Andy

2008 gouf dunn de Béierlaf méi grouss opgezunn an huet sech mat enger neier Homepage an engem offiziellen Reglement präsentéiert. Och gouf mat Panneau'en lanscht d'Stroosen am Norden vum Land Reklamm gemaach.Och gouf et ee Werbefilm um Internet an zwar den berühmten "Countdown for heroes" vum Charel Simon. Sou woer et dann och net verwonnerlech dat sech 29 Béierleefer ugemellt hun. Weint dem schlechten Wierder sinn 9 Leefer net ugetrueden an sou sin si zu 20 gestart waat eng grouss Steigerung zu 2007 woer. Daat schlecht Wierder hat awer och seng gudd Saiten. Sou huet de Béierlaf déi éischte Kéier duerch d'Zelter gefouert waat sait deem baigehaal gouf weint der super Stemmung am Zelt. Et gouf awer nach ee groussen Changement, d'Organisatioun ass vun 0.25'er Mini'en op 0.3'er Mini'en emgeklomm. Gewonn gouf de Béierlaf vum Joel Herren mat 9 Ronnen (4,5km) an 10 Mini (à 0,3l -> 3 Liter Béier) Deen domat den Rekord vum Mulles gebrach huet waat fir keen virstellbar woer. 2008 sin och déi éischte Kéier 2 Meedercher matgelaaf an et goufen 4 Disqualifikatiounen. D'Moderatioun gouf dest Joër vum Andy an Mich iwerhol, waat och bis haut net méi geännert huet.

De Béierlaf 2009 war e riesegen Erfolleg an huet sech net nemmen sportlech vun sénger schéinster Säit gewissen: Bei Sonnegem Wieder sin nees 26 Leefer an selegen Zuschauer op Bettenduerf komm fir den Béierlafgewenner 2009 ze ermëttlen. Matt den 3 éischten vun 2008 war nees d'Elite vertrueden an d'gouf ugeholl dass si géifen d'Course ennert sech ausmaachen. Mee dass am Béierlaf net gewonn ass ier de läschte Mini gedronk ass sollt sech och dësst Joer nees beweisen...De Joel Herren, Gewenner vun 2008 an och puerfachen Marathon absolvent ass d'Course ze séier ugaang an huet um Schluss mat enger Chute missen ophalen. Um Schluss war ett den Jean-Marc Wagner deen mat engem neien Rekord vun 5 km an 3,3 Liter Béier an knapps méi wéi enger halwer Stonn een neien Rekord opgestallt huet. De 5-fachen Ironman Participant hat uersprünglech keen op der Rechnung gehat, well hat hien nach dat läscht Joer just 3 Ronnen absolvéiert an säin Béier haaptsächlech versabbelt amplaz en ze drénken. Op déi 2ten Plaz koum den Marcel Baustert, 50-fachen Marathon Leefer an emmerhin 54 Joer al, an huet gewissen dass een bei engem Béierlaf virun allem Erfahrung an déi richteg Taktik zielt. Beschte Newcomer gouf den Pol "Punisher" C. deen et bei senger éischter Course als 3ten direkt op de Podium gepackt huet. Eis gratulatioun un déi 3 Gewenner. Bei den Damen waren 2 Leeferinnen um Start an si hunn d'Konschtstéck fäerdegbruecht fir execo de selwechte Moment fäerdeg ze ginn an si kommen domadder allenzwee op déi 1ten Plaz. Mir gratuléiren dem Lara an dem Cathy fir hiert Resultat. No der Course gouf dunn nach den 20ten Anniversaire vum Béierlaf geféiert wou mir sämlech Béierlafgewënner vun 1989-2009 begréissen dierften (1989 Pol Mainz, 2006 Pir Castiglia, 2007 Emil Pilici, 2008 Joel Herren, 2009 Jean-Marc Wagner). Ofschléissent gouf ett nach een fantastechen Concert vun Benny & the Bugs ier Leit sech no etwa 9 verzaapten Fässer op den Heemwee gemaach hunn. …leider misste mir den Owend awer een Affer bekloen: dat offiziellt d'Resultat ass an de ganzen Wirren verschwonn an Leider bis haut net méi opgetäucht….